Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

News Archive

News



Fruit for School

Och dëst Joer maachen eis Schoule rem beim Projet Fruit for School mat. All Woch kréie mir Uebst geliwwert, dat an de Klasse verdeelt gëtt.
Kalenner an Informatiounen:
Publizéiert den 14.11.2016

Visite Militärmusée

De Cycle 4 aus der Sonneschoul huet de Militärmusée zu Dikkrech besicht. Zesumme mat Geschichtsproffen konnten original Utensilien aus dem 2. Weltkrich ausprobéiert ginn an d'Auswierkungen zu Lëtzebuerg duergestallt ginn. Ganz interessant ass och d'Austellung vu Gefierer a Panzer aus der deemoleger Zäit
Publizéiert den 29.10.2016

De Minett virun der Hausdiir

Zu Schëffleng, e stramme Foussmarsch vun eiser Schoul ewesch, ass fréier Eisenäerz ofgebaut ginn. D'Steng, déi zréckbliwwe sinn kënnen eis als Zäitzeie vu vergaangene Jorhonnerten déngen, a sou huet de Cycle 4 sech op d'Sich no Fossilie gemaach. Mat Hummer a Meessel hunn déi jonk Fuerscher an d'Steng eragekuckt a konnte flott Fossilien a Spueren aus der Vergaangenheet fannen.
Publizéiert den 29.10.2016

Den Hierscht erliewen

An der Natur weist den Hierscht sech vu senger faarwegster Säit. An der Sonneschoul hunn déi gréisst an déi klengst Schülerinnen a Schüler vun der Geleegenheet profitéiert, fir Biller mat de Produiten aus der Natur hirzestellen. Jidder Schüler aus dem Cycle 4 huet mat sengem Pätterchen aus dem Cycle 1 säi Bild vum Hierscht gemolt. An der Billergallerie si flott Beispiller.
Publizéiert den 29.10.2016

Europäesch Länner

D'Schüler aus de Klasse Steichen a Waringo/Loos schwätzen an der "Sciences" iwwert Europa. Hei stellen d'Kanner verschidden europäesch Länner vir.
Publizéiert den 27.10.2016

Déieren aus dem Bësch

D'Schüler aus dem Cycle 3.1 (Klass Garlinskas) stellen an der "Sciences" d'Déieren aus dem Bësch vir.
Publizéiert den 20.10.2016

Reebou-Schoul Summerfest 2016

D'Fotoen vum Summerfest sinn och elo um Site ze fannen.
Merci un jidereen deen dobäi war, fir en flott Fest :)
Publizéiert den 15.07.2016

De klénge Käfer Emmerfrech

D'Kanner aus dem Cycle 1 vun der Joffer Claudine aus der Reebouschoul hunn d'Geschicht vum klénge Käfer Emmerfrech an engem Storyboard duergestallt an erzielt :-)
Publizéiert den 14.07.2016

Köln 2016 (Dag 3) update

Mir hu lo d'Grenz zu Wasserbillig passéiert.

Waerte fir 18:40h zeréck sinn...:)

Bis geschwënn
Publizéiert den 11.07.2016

C.4.2 Countdown virun der grousser Vakanz

Indianer, Mandalas, Amiavy an bei schéinem Wieder nach e Schachtournoi.
Muar gesi mir eis all um Schoulsportdag a Schoulfest, éier mir eis Valise fir op Köln paken.
Publizéiert den 06.07.2016

Foire Agricole

E Freiden den 1. Juli waren d'Kanner aus de Klassen Hoesdorff, Backes a Reckinger op d'Foire Agricole op Ettelbréck. Si konnten Déieren heemelen, Iesse schmaachen an hunn dem RTL erzielt wéi gutt "Fair" Mëllech ass!

Reportage Foire Agricole - RTL.lu 
Publizéiert den 05.07.2016

Reebou-Schoulzaitung Online 15/16

Déi aktuell Ausgab ass nach amgaang gedréckt ze ginn. Déi flott Aarbechten vun den Schüler fënnt een awer schonn um Site.

Iwwert dësen Link geet et am schnellsten dohin:
Reebou-Schoul Schoulzeitung
Publizéiert den 30.06.2016