Visite Naturmusée & Festungsmusée
16.11.2016Den Cycle 4.2 aus der Sonneschoul huet op dësem Freideg zwee Museen an d'Staat besicht. Moies hu mir am Naturmusée geléiert, virwat "Ouni Waasser kee Liewen" méiglech ass, a mëttes hu mer déi spannend Festungsgeschicht vu Lëtzebuerg erforscht. Och déi aktuell Ausstellung zum Pont Adolphe konnte mir eis mat Freed ukucken, och wann et eis leider net erlaabt war, Fotoen dovunner ze maachen.
Fotoe stinn op de Klassesäite vum Cycle 4