News Archive
News
Cycle 4 on tour - Visite vum "neien" Naturmusée
De Cycle 4.1 aus der Sonneschoul huet haut de nei opgebauten Naturmusée besicht, fir alles iwwert d'Lëtzebuerger Schichtstufen, d'Steng a Mineralien gewuer ze gin. Ausserdem hu mir och déi aaner Raimlechkeeten vun Naturmusée kuerz erfuerscht. E gelongene Mueren!
![]()
![]()
Cycle 4 on tour - Schëfflenger Planéitewee
De Cycle 4 aus der Sonneschoul ass haut mam Zuch op Schëffleng gefuer, fir do de Planéitewee ze erfuerschen. Mir hun bei schéinstem Hierschtwierder eise Sonnesystem kenne geléiert, Spiller gemeet, an en Abstecher an déi gro Minière war och nach dran.
![]()
![]()
Cycle 4 on tour - En Dag an der Stad
De Cycle 4 aus der Sonneschoul ass haut mam Zuch an d'Stad gefuer, fir de Concert "Reise in eine Neue Welt" ze genéissen. Nom Picknick an der Philharmonie si mir dunn zu Fouss duerch de Pafendall op de Bock getrëppelt, fir do d'Kasematten ze erfuerschen. Trotz dem liischte Reen ware mir all gudder Laun, wéi dir op de Fotoen kënnt gesin.
![]()
![]()
Schoulzeitung Online
Déi aktuell Schoulzeitung kann een sech ab elo och hei ob eisem Site unkucken.
Vill Spaass!
Vill Spaass!
![]()
![]()
Colonie vum Cycle 3
Hei sinn all d'Informatiounen an d'Fotoe vun der Colonie zu Huelmes vum Cycle 3 aus der Sonneschoul ze fannen. FIr d'Fotoen ze kucken, muss de Login vum Site vun de Beetebuerger Schoulen benotzt ginn.
![]()
![]()
Zeie-Bericht aus dem KZ
Haut de Mëtten haten d'Klassen C4.2 aus der Gemeng Beetebuerg déi grouss Chance, engem Zeie-Bericht aus dem KZ vun engem Iwwerliewende vum Holocaust, dem Här Klestadt, dierfen nozelauschteren.
Während dësem informativen an emotionale Bericht goufen eis Schüler sech de Grausamkeete vum Drëtte Räich, déi och Lëtzebuerg an der Hand haten, bewosst. Den Här Klestadt huet androcksvoll vu séngen Erfahrungen erzielt an d'Schüler op eng hirem Alter entspriechend Art a Weis informéiert.
Während dësem informativen an emotionale Bericht goufen eis Schüler sech de Grausamkeete vum Drëtte Räich, déi och Lëtzebuerg an der Hand haten, bewosst. Den Här Klestadt huet androcksvoll vu séngen Erfahrungen erzielt an d'Schüler op eng hirem Alter entspriechend Art a Weis informéiert.
![]()
![]()
ADHS an Hausaufgaben: Vortrag von Spontan asbl 23.3.
ADHS oder ADD – das ist keine „Modediagnose“, sondern für die Betroffenen ein ernsthaftes Problem.
Buchautor und Schulberater Detlef Träbert gibt in seinem Vortrag auf humorvolle Weise viele Tipps, wie wir den Kindern mit Wissen, Verständnis für ihre Probleme und pädagogischem Geschick bei Hausaufgaben und Übungen helfen können.
![]()
![]()
Animani - Handtheater
Zesumme mam IMC huet de Cycle 4 aus der Sonneschoul en Theaterstéck mat Hänn gespillt. Loosst iech iweerraschen...
![]()
![]()
Standards de fonctionnement an Schoulregelen
Ab elo kann um Site vun der Reebou-Schoul en Abléck an d'"Standards de fonctionnement", esouwéi d'Regelen vun der Schoul kréien.
![]()
![]()
Logo fir d'Elterevertrieder
D'Logo vun den Elterevertrieder ass gewielt. Mir soen merci fir déi vill Stëmmen déi sech bedeelegt hunn an de Kanner fir déi flott Biller.
![]()
![]()