De Minett virun der Hausdiir
29.10.2016Zu Schëffleng, e stramme Foussmarsch vun eiser Schoul ewesch, ass fréier Eisenäerz ofgebaut ginn. D'Steng, déi zréckbliwwe sinn kënnen eis als Zäitzeie vu vergaangene Jorhonnerten déngen, a sou huet de Cycle 4 sech op d'Sich no Fossilie gemaach. Mat Hummer a Meessel hunn déi jonk Fuerscher an d'Steng eragekuckt a konnte flott Fossilien a Spueren aus der Vergaangenheet fannen.
Fotoe stinn op de Klassesäite vum Cycle 4