Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

Colonie Gent

02.07.2018

D'Klasse vum Martine Backes a Sacha Weibel si gutt an der Colonie zu Gent ukomm. Bei wonnerbarem Wierder starte mer lo eis Besichtegung vun der Stad!

En Dënschden si mer moies d'Buerg Gravensteen besiche gaangen. Mir hu Waffen, Rüstungen an d'Liewen am Mëttelalter kennegeléiert. Elo maache mer Mëttespaus bei enger gudder Fritt! Nomëttes si mer op Shoppingtour gaang.

E Mëttwoch si mer op d'Küst gefuer. D'Klass Weibel verbrengt den Dag am Naturpark "Het Zwin" an d'Klass Backes bleift zu Blankenberge. Mir freeën eis op de Strand an d'Mier!

Donneschdes moies si mer op Brügge gefuer. Mir waren an de Schokelasmusee a kréien elo d'Stad gewisen. Eise Guide (an eise Schoulmeeschter) schengen sech gutt auszekennen.

E Freiden de Moien si mer op de Belfort gaangen an hunn eis nach e puer Souvenire kaf. Mir sëtzen elo am Bus a maachen awer gläich Mëttespaus.
Mir plange fir géint 17:30h zu Beetebuerg ze sinn.
Le retour est prévu pour 17:30h.