Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Header Beetebuerger Schoulen

De Cycle 4 am Keltenhaus

19.10.2015

E ganze Méindeg huet de Ycle 4 aus der Sonneschoul an der Steenzäit verbruecht. Zesumme mat engem echte Steenzäitmënsch si mir vill gewuer ginn iwwer d'Liewen an d'Juegd, hu selwer mam Bou a mam Speer geschoss an hu gesinn, wéi d'Häiser deemols ausgesinn hunn. Zesumme mat eisem Steenzäitguide hu mer souguer eng Zopp gekacht wéi deemols...

An engem Äerdlach hu mer Geméis, wat mat echte Feiersteng geschnidde gouf, op e Lieder geluescht. Mat Waasser a Salz, dat mer selwer hu misse kleng schloen, ass dat ganzt gekacht ginn. Mir hu Steng, déi mer am Feier erhëtzt hunn, an d'Sopp geheit a lues a lues huet d'Waasser ugefaange mat kachen. Op de Fotoe gesäit een, wéi gudd eis Steenzäitzopp eis geschmaacht huet.

Fotoen