Schoul am Duerf am Kino
27.06.2016E Méinden, de 27. Juni waren déi aktuell Filmer vu Kuebi Productions am Kino "Le Paris" zu Beetebuerg ze gesinn. Eis Interpretatiounen vum Ehrich Ohser sénge "Vater und Sohn" Geschichte si bei de Schüler, den Elteren an och den Eieregäscht - der Mme Josée Lorsché, dem Här Guy Arendt, dem Här Laurent Zeimet an dem Här Gusty Graas - gutt ukomm an hu fir vill Laache gesuergt.
Niewent de Wierker vun dësem Joer hu mir och d'Filmer vum läschte Schouljoer gewisen, déi um internationale Concours "créajeune" mat Präiser ausgezeechent goufen. Déi Jonker, déi un dëse Filmer matgewierkt hunn, kruten en Diplom an eng kleng Iwwerraschung iwwerreecht - speziell fir dësen Owend haten och eis fréier Schüler de Wee an de Kino fonnt.