News
Kënschtlerfest 2. Deel
D‘Kanner hunn zu jeweils e puer Klassen 2 Dänz gewisen an ee schéint Lidd gesongen
Kannerradionuecht
Zwou Klassen aus dem Cycle 4 hu matgemaach bei der Kannerradionuecht 2023. Hei nach eemol déi ganz Emissioun fir nozelauschteren.
Schoulbuet 23-24
Mir freeën eis op en neit Schouljoer. Déi aktuell Ausgab vum Schoulbuet fannt Dir ënnert dësem Link.
Mam Vëlo an de Beetebuerger Park
Mir sinn haut mam Vëlo vun der Schoul am Duerf an de Beetebuerger Park gefuer!
Fest am Duerf 2023
Voici quelques impressions de notre fête "Fest am Duerf 2023"!
Schlittschong 2023
Hei de Link zu engem flotte Video vun dësem Moien.
Sou vill Spaass...! :)
Tolle Bücher finden!
Colonie Iechternach
Haut de Moien ass d'Klass Backes/Rohmann/Reckinger fir zwou Nuechten an d'Colonie op Iechternach gefuer.
Vun 10-12 si mer geklotert. Nom Mëttegiesse konnte mer eis am Iechternacher Séi ofkillen. Pedalo a Stand-up Paddle hu vill Spaass gemat!
Mir sinn Trampolin gesprongen an hu Beachvolleyball gespillt. Elo raschte mer e bëssen a waarden op de Barbecue. (Biller an der Galerie)
Um Mëttwoch Moien hu mer Geocaching ronderem de Séi gemat. De Mëtteg wärte mer eng Fotorallye duerch Iechternach maachen.
Marché aux puces pour enfants et jeunes
Marché aux puces pour enfants et jeunes jusqu’à 18 ans: vente ou échange de vêtements en bon état, accessoires pour bébés et enfants, jouets, livres, jeux de famille, jeux vidéo...
Virliesconcours 2022
Och dëst Joer konnten d'Klasse vum Cycle 4 nees beim Virliesconcours matmaachen. D'Kanner hunn sech en Extrait aus engem Buch zum Thema "Déieren" erausgesicht an dee virun hirer Klass an eisem Schouljury virgelies.
Mir gratuléieren dem Eva (Klass Kirps/Heynen/Ferreira), wat eis Schoul als beschte Virlieserin bei der nächster Etapp vum Virliesconcours wäert vertrieden.