News Archive
News
Schoulsportdag
Den 8. Juni ass de Schoulsportdag vun der Sonneschoul zu Beetebuerg bei der Sportshal. Divers Sportarte ginn ausprobéiert an als Highlight gëtt fir d'Kanner erem e Spendemarathon organiséiert. E grousse Merci un den Elteregrupp fir déi flott Ennerstétzung.
![]()
![]()
Beruffswoch an der Sonneschoul
An der Woch virun der Vakanz war Beruffswoch an der Sonneschoul. Eng ganz Partie Elteren a Kollegen hunn hir Beruffer virgestallt oder deen op der Plaz presentéiert. D'Schülerinnen an d'Schüler ware bei de Schreiner, op de Radio, an de Staatslabo. Si kruten och méi aussergewéinlesch Beruffer wéi Buchbënner a Militärpilot virgestallt.
![]()
![]()
Rucksakbibliothéik Cycle 4.1 (Schoul am Duerf)
Freides virun der Vakanz war et nees souwäit. Mir sin op Rousport gefuer fir d'Rucksakbibliothéik virzestellen an ze iwwerreechen. E gudd Stéck Kuch an e spannenden Footballsmatch hun de flotten Moien ofgeschloss.
![]()
![]()
Schoulzeitung Reebouschoul Online Versioun
Déi komplett Versioun vun der Schoulzeitung 2014 als PDF.
![]()
![]()
Päerdsatelier
Fir Kanner aus dem Cycle 1 ass dëst Schouljoer de Päerdsatelier ugelaf. Am zweeten Trimester ware Kanner aus der Schoul am Duerf an aus der Sonneschoul zesummen am Stall. Am drëtten Trimester ass e Grupp vu Kanner aus der Reebouschoul bei de Päerd.
![]()
![]()
Ballon fléie virun der Reebou-Schoul
De Moien an aller Fréi, huet den C3 aus der Reebou-Schoul d'Chance gehat zwee Ballonen am Kader vun eisem desjährege Schoulthema "4 Elementer" opzeriichten. Nodeems all d'Kanner emol gestart an och erem ganz gelant waren, ware se dach begeeschtert wat ee mat Feier a Loft alles esou maache kann. Op dësem Wee e grousse Merci un all déi wou de Wecker gestallt haten an dat erméiglecht hunn, virun allem awer de Ballonisten, déi sech Zäit geholl an d'Material gestallt hunn.
![]()
![]()
Den Henri Losch an der Sonneschoul
Den Elteregrupp vun der Sonneschoul organiséiert all Joer Liesunge fir d'Kanner aus deene verschiddene Cyclen. Dëst Joer sinn ënner anerem de Roland Meyer, de Gast Groeber an den Henri Losch bei eis an d'Schoul komm, fir hir Wierker virzestellen.
![]()
![]()
Bichermaart an der Sonneschoul
Mëttes an der Sonneschoul haten d'Kanner d'Geleeënheet, hir al Bicher ze verkafen. Scho säit 6 Joer organiséieren d'Enseignanten zesumme mam Elteregrupp dësen Nomëtten, fir Bicher déi gelies sinn un déi méi kleng Schüler weiderzeverkafen.
![]()
![]()